Datum |
01-04-2017 |
Rendez-vous |
08 :30 |
Treffpunkt |
Hôtel IBIS - Livange |
Richter |
BAUS Michael, LEDOYEN Marc a STEICHEN Jean-Pierre |
Prüfungsleiter |
PETIT Jacques |
Revéier
Besëtzer |
Bivange
LANG René & KOHN Jean // BICHEL François & Danielle |
Unzuehl vu Hënn |
8 Honn |
Wieder |
Nieselreen, bewölkt, Wand, mä och e puer schein Opklärungen |
Als éischt wëlle mir de Proprietaire vun denen 2 Revéier villmols Merci soen, dass mir och dëst Joer an hire Revéier d‘Schossfestegkeet an eis Sp duerften ofhalen.
E Merci geet och un`t Madame Danielle BICHEL a Pit ENTRINGER, déi am Numm vum Comité der CCC derbéi waren, souwéi un all déi aner Fräiwelleg, fir hir Hëllef a Participatioun bei der Prüfung.
Komme mir elo zou de Richter an Hondsführer.
Pünktlech woren sie all am Hôtel IBIS wou sie ganz härzlechst vum Jacques PETIT begréisst gi sin.
De Richterobmann, Här Michael BAUS, huet, nodeems Louse gezunn woren, den Hondsführer, Prüfungsordnung, vun denen 2 Anlageprüfungen (Sp + Sfk), erklärt a vill Erfolleg gewënscht. Dem Carole PLEIMLING e spezielle Merci fir die flott Lousen a Kadoen fir d‘Richter an’t Revéierbesëtzer. Dann awer och nach dem Georges KUGENER sengem Brudder e grousse Merci fir déi speziell Holzplacken (klenge Kado un all Hondsführer als Erënnerung).
No der Begréissung an Aweisung, ass den Här, Jean KOHN, Revéier Bivange, mat eis op’t Platz gefuer, wou déi Hënn déi nach keng Schossfestegkeet ofgeluecht haten, konnte geprëift gouf.
Duerno huet d‘ganz Equip sech an eng Reih opgestallt fir Huesen ze trëppelen.
Leider hu mir misste feststellen, dass Huesen ëmmer méi rar gi sinn. Am éischte Revéier konnte 3 Hënn gepréift ginn, am zweete Revéier just 2.
No enger klenger Mëttegpaus, organiséiert vum Luss KOENIG, si mer zesummen an en anert Revéier gangen, wou och déi letzt Hënn konnte gepréift ginn.
Duerfir e spezielle Merci un d’Madame an Här Bichel, déi ons spontan hiert Revéier zur Verfügung gestallt hunn.
No der Prüfung hu mir eis all an der Léiwenger Stuff afond, wou mir eis béi engem gudden Menu gestärkt hunn.
Nom Iessen gouf Preisverdeelung ofgehâl.
Resultater:
Numm |
Punktzuehl |
Platzéierung |
PITZEN Jean-Claude |
100 |
I A J |
JACOBS Marianne |
97 |
I B J |
PLEIMLING Carole |
94 |
I C |
JACOBS Cathy |
88 |
II A J |
LEFÈBRE Roland |
88 |
II B |
SCHMITZ Joëlle |
78 |
II C J |
KUIJPERS David |
53 |
III A J |
Gemëllt an duerchgepréift: 8 Hënn
Bestanen: 7 dovunner 5 an der Jugend