Léiwe Member,

Hei sinn déi aktuell Informatiounen fir d’Joer 2018:

Mir invitéieren Iech an den Dressurléiergang oder d’Welpenschoul.

Sonndes, den 28.1.2018 geet et um 9.30 Auer mat engem (Be) Schnuppercours lass. Zu Nidderpallen am Reitstall „ op der Pall“ kennt dir d’Formateuren kennen léieren. Bréngt ären Hond deen Moien roueg mat. Dir kennt iech op eisem Internetsite: jagdhunde.lu online fir d’Couren aschreiwen.

Desweideren bidden mir allen interesséierten Leit Mëttwochs, den 7.2.2018 um 19.00 Auer zu Réiden/Atert eng theoretesch Aféierung op déi eenzel Coursen un.

Eisen Dressurléiergang

Dësen Cours ass d’Virbereedung op d’Jagdeignungsprüfung (JEP) resp. op d’jagdliche Gehorsamsprüfung (JGP) vun der CCC. Bei eis ass all Juegdhond, ob mat oder ouni Pabeieren, häerzlech wëllkomm. Den Hondsbesëtzer an d’Persoun déi den Hond op enger vun dësen Prüfungen féiert, mussen am Besëtz vun engem gültegen lëtzebuerger Juegdpermis sinn.

An dësem Cours, deen den 18. Februar ufänkt, léieren d’Hondsbesëtzer ënner der Opsicht vun eisen Traineren selwer aus hirem Mupp e brauchbaren an zouverlässegen Juegdhond ze maachen.

Wann Dir eng vun dësen Prüfungen gepackt hutt, sidd Dir berechtegt un der Brauchbarkeetsprüfung fir Schweessaarbecht, deelzehuelen.

Eis Welpeschoul

Fir eis kleng Muppen bidden mir och schon eng Schoul un. Do kënnen all Juegdhënn, ob mat oder ouni Pabeieren, ab dem Alter vun aacht Wochen bis sechs Méint, matmaachen.

Hei ginn si, ouni groussen Drock, op hiert spéidert Liewen als Juegdhond virbereet. Si léieren och, duerch de Kontakt mat aneren Hënn an hirem Alter, sech anstänneg a friddlech ze behuelen.

Cotisatioun a Präisser vun de Couren fir 2018

 D’Cotisatioun fir 2018 bleift onverännert op 25€, iwwerweist w.e.g.mam Vermierk: Cotisatioun 2018.

Fir Memberen déi un eiser Zeitung « Fëscher, Jeeër an Hondsfrënn » interesséiert sinn, an nët iwwer Fëscher oder Jeeër bezéien, bidden mir Iech 6 Zeitungen pro Joer fir 12€ un, hei w.e.g. mam Vermierk: Abonnement periodique . Déi eenzel Beträg sinn op den Post Kont LU35 1111 0457 5568 0000 vun der Centrale du Chien de Chasse, ze iwwerweisen.

Och d‘Präisser vun de Couren bleiwen onverännert bei 150€ fir den Dressurléiergang resp. 125€ fir d’Welpeschoul.

Dës Beträg sin op den Kont LU09 0099 7800 0052 0726 bei der Raiffeisenbank vun der Centrale du Chien de Chasse mam Vermierk « Welpeschoul » oder « Dressurcours » ze iwerweisen.

Umeldungen sinn w.e.g. schrëftlech un d’CCC BP 84 L-8501 Réiden-Atert oder per e-mail un: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! ze schecken.

Fir all weider Informatiounen steet d’Manon Wersant-Stockreiser Iech um Telefon: 621 705 246 Ried an Äntwert.

D’Memberen aus dem Comité vun der CCC wënschen iech an ärer Famill wonnerschéin an erhuelsam Chrëschtdeeg an am neien Joer virun allem eng gutt Gesondheet, vill Freed an Erfolleg mat ären Juegdhënn.