Den 10. Abrëll hun ech mat mengem Norbi (Balu vom Leidelsbach) d’Anlagenprüfung vum Klub Tiroler Bracke Deitschland (KTB) gemeeschtert. Rdv war moies frei um 04:45h zu Tobiashaus (D). Gemellt waren 4 Gespanner.
D’Wiederkonditiounen waren katastrophal well et nemmen emol gereent huet - vu moies bis owes. Gepréift gin an der Anlageprüfung haaptsächlech 3 grouss Fächer:
1) D’Huesenspur: Den Hond gëtt hannert dem waarme Leeër vum Hues ugesaat, dobei gëtt gekuckt wei intensiv/ausdauernd hien d’Huesespur schafft. Haaptkritär ass natierlech de konstante Spurlaut an och d’Dauer, dei hien joot.
2) Art der Suche: Heibei gëtt den Hond an engem mei wëldarmen Deel vum Reveier op Kommando geschnallt an 1x zum selbststännegen Sichen animéiert. Hien soll sech vum Meeschter léisen a beschtenfalls am grousse Bouh den Terrain ofsichen. Wat hien seng d’Kreeser mei weit zéiht, wat besser. Am Optimalfall fënnt hien och Wëld (muss awer net).
3) Schossfestegkeet: Dës gett an engems mam Fach „Art der Suche“ matgepréift woubei de Meeschter 2 Schroutschëss ofgëtt an dobei d’Reaktioun vum Hond iwerpréift gëtt. Gepréift gëtt no der allgemenger PO vun de Bracken.
Trotz dem ville Reen hat den Norbi e ganz gudden Daag an huet bei der Huesespuer (21min. spurlaut gejoot) an och bei der Sich, d’Héchstpunktzuel (68/72 Pkt.) erzielt.
Lo ass de Grondsteen geluecht fir uschléissend dei grouss Gebrauchsprüfung (GP) amSummer ze absolvéiren. Hond a Meeschter waren zwar owes gudd nass mee och deck zefridden!
Roeder Pierrot