Den Grupp Däitsch Wachtelhonn vun der Stöberhondskommissioun  invitéiert op säin Welpenspilldag e Sonndeg den 17. Juli ab 11:00 Auer op Weicherdang. Zou geloss sinn all Juegdhondsrassen bis 6 Méingt. D’Honn mussen gesond sinn an all Grondimpfungen virweisen kënnen. Fir Iessen a Gedrënks ass zou sozialen Präisser gesuergt. Umeldungen sinn erwënscht beim Sekretär vun der Stöberhondskommissioun John Kirchen Tel: 621 35 22 08 oder iwwer Mail „ Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!“ Bei der Umeldung kréien Intressenten och eng détailléiert Weebeschreiwung.

Mir bidden de ganzen Dag iwwer verschieden Atelier un, wou mir mat den Honn schaffen an iech resp. ären Honn weisen wéi ageschafft soll ginn.