• 123.jpg
  • Header_old.jpg
  • img_0218.jpg
  • look.jpg

VJP 2026 – Verbandsjugendprüfung

Wei all Joer huet d‘Virstéihhondskomissioun vun der CCC eng Verbandsjugendprüfung organiséiert. Dëst Joer waren 11 Honn fir VJP gemellt sou dass 3 eenzel Prüfungen ofgehal gi sinn.

Main Däitsch Drohthoer Felix vom Tiefeisen (genannt FEX) an ech, hunn direkt um éischten Datum den 21.03.2026 am Raum Mondorf duerfen untrieden.

No der Begréissung an dem Kontrolléiere vun de Pabeieren, hunn eis de Prüfungsleiter an d‘Riichter den Oflaf vum Daach matgedeelt an eis nach déi eng oder aner Erklärung zu deenen eenzelnen Fächer ginn. Och all eis Froen si beäntwert ginn.

Mat vill Virfreed an e bëssen Nervositéit konnte mer dunn an d’Prüfung starten.

Als éischt stoung Spueraarbecht un. All Hond krut zwou Huesenspueren ze schaffen, wou se de Riichter konnte weisen, wei gutt hiren Nuesengebrauch a wéi grouss hier Passioun ass.

No den Huesenspueren huet jiddereen säin Hond an d‘Sich geschéckt. Do soll den Hond an der fräier Gewan e gewësse Beräich flott a mat vill Wellen zesumme mat sengem Meeschter ofsichen. Och där Sichen goufen der allkéiers zwou gemaach, wou och bei enger, dem Hond seng Schossfestegkeet gepréift ginn ass.

Den allgemenge Gehorsam, d‘Wiesen, Nuesengebrauch sou wei dem Hond seng Führegkeet, ginn iwwert de ganzen Daach gekuckt a bewäert.

Des weidere gëtt d‘Virstoen och gepréift, dëst wärend enger Sich, wou den Hond  wann en eng Witterung vun zum Beispill engem Hues oder enger Léierchen oder änlechem an d’Nues kritt komplett erstarren soll an dann eng gewëssen Zäit duerchstoe soll.

Alles an allem haten de Fex an ech déi neidesch Chance an ee gudden Daach, sou dass mir eis VJP konnte mat 73 Punkten ofschléissen.

Villmools merci jidderengem, dass deen Daach sou konnt stattfannen. De Revéierpierchteren déi eis mat beschte Konditiounen an hirem Revéier empfaangen hunn, deenen däitsche Riichter, déi ee wäite Wee op sech geholl hu fir dozesin, dem Richterobmann sou wei dem Prüfungsleiter, an der Virstéihhondskomissioun.

Gléckwonsch all deenen anere Gespaner fir déi bestane VJP.

Ken mam Fex vom Tiefeisen.