• 123.jpg
  • Header_old.jpg
  • img_0218.jpg
  • look.jpg

Verbandsjugendprüfungen 2018

Anlässlich der Verbandsjugendprüfungen (VJP) die am 14. und 21. April ausgetragen wurden, konnten folgende Resultate notiert werden. Alle angetretenen Gespanne haben die Prüfung erfolgreich bestanden. Gratulation an alle Teilnehmer.

VJP 14.04.2018

         
           

HUND

RASSE

WURFDATUM

FÜHRER

PUNKTE

LAUT

           

Kelly vom Alfler Forst

KLM

16.08.2017

Gilles Kreins

76

spl/sl

Eiko vom Düwelshock

KLM

15.04.2017

Laurent Thull

75

spl/sl

Nala v.d.Schéinhaedchen

KLM

15.10.2016

Charel Kass

71

spl

Neyla v.d.Schéinhaedchen

KLM

15.10.2016

Pascal Rollinger

67

spl/sl

Keeper vom Alfler Forst

KLM

16.08.2017

Chris Lanners

67

spl

Utax von Ichenheim

DK

04.04.2017

Viviane Weisgerber-Hengesch

62

 
           
           
           

VJP 21.04.2018

         
           

Eika vom Etelweiher

KLM

22.01.2017

Paul Schroeder

71

spl

Lasse vom Schloss

DD

28.01.2017

Heinz Merz

68

sl

Nils-Mailo v.d.Schéinhaedchen

KLM

15.10.2016

Philip Witry

68

spl

Peggy vom Hennewigshof

KLM

20.01.2017

André Meyers

67

spl

Männy d.l.rivière Ouareau

EPBR

06.12.2016

Frank Steffes

63

 

Caro v.d.Silbergrube

DK

18.06.2017

David Malherbe

61

 

Spurlautprüfung fir Dackelen

Den 25 Mäerz huet d'Dackelkommissioun vun der Centrale du chien de chasse eng Schossfestegkeets- a Spurlautsprüfung fir Dackelen organiséiert. Nodeems sech d'Riichter, d'Hondsführer an d'Helfer um 8:30 am Hotel Ibis zu Léiweng afonnt hunn goufen hier Pabeieren agesammelt an eisen Vétérinaire, den Marc Diederich, huet hier Impfpäss kontrolléiert. Dono goufen si duerch de Prüfungsleiter Här Petit begréisst. Dësen huet d'Riichter, den Här Baus (Däitschland) an den Här Ledoyen (Frankräich) gekuerz firgestalltt, an dunn dem Prüfungsobmann, dem Här Baus, d'Wuert iwwerlooss. Den Här Baus huet de Kandidaten nachemol kuerz d'Prüfungsuerdnung erkläert an all oppe Froe beäntwert. Dono konnten d'Kandidaten hier Startnummer lousen.

Wéi di 8 Teilnehmer hier Startplaze geloust haten si mir als éicht an d'Revéier vum Här Kohn opgebrach.Hei gouf bei 5 Dackelen (3 Rauhhaar an 2 Kurzhaar) d'Schossfestegkeet gepréift. All Hond huet dës gepackt.

Hond

Führer

LZ

Ulika for Zimerbude

Carole Pleimling

Sfk

Notre-Belle von der Lucilinenburg

Martina Ziegler

Sfk

Numéa de la Vallée de l'Eau Bourde

François Blanche

Sfk

Parforce vun der décker Lann FCI

Marianne Jacobs

Sfk

Phoebe vun der décker Lann FCI

Marianne Jacobs

Sfk

No dem Préiwe vun der Schossfestkeet, hunn d'Revéierpierschter Danielle a Fränz Bichel eis an hiert Revéier begleet, wou mir eis op d'Sich no den Huese konnte maachen.  Fir di 5 Gespaner (1 Rauhhaar, a 4 Kurzhaar) hate mir seier genuch Huesen fonnt.

Zum Schluss konnten all 5 Honn gepréift ginn, a 2 Honn hu bestanen:

Präis

Punkte

Hond

Führer

LZ

3a (Tagessieger)

53

Numéa de la Vallée de l'Eau Bourde

Francois Blanche

Sp/J

3b

53

Mephisto von der Lucilinenburg

Martina Ziegler

Sp

D'Präisverdeelung mat engem gemeinsamen Iesse gouf an der Léiwéngerstuff ofgehalen. Dëse flotten an interessanten Dag ass der Zesummenaarbecht vu ville Leit ze verdanken! Dofir e grousse Merci un d'Riichteren di wéi ëmmer gutt geriicht hunn, de Revéierpiechter déi eis ëmmer nees hier Revéieren an hier Zäit zur Verfügung stellen, den Helfer déi de ganzen Dag en Hand ugepakt hunn an de Gespaner di vill Disziplin gewisen hunn.

Es gibt keine Beiträge in dieser Kategorie. Wenn Unterkategorien angezeigt werden, können diese aber Beiträge enthalten.

Éischt Verbandsjugendprüfung

All Joër erëm ass d’Verbandsjugendprüfung eng Erausfuerderung fir Hond a Meeschter. An och dëst Joër war et erem sou wäit; den 21. Abrëll 2018 misst och mäin klenge Münsterländer seng juegdlech Anlagen ënner Beweis stellen. Dëst gouf am Kader vun der Centrale du Chien de Chasse (CCC) organiséiert. Währenddems meng Équipe sech am Fräschepull zu Biermeréng getraff huet, sinn aner Hënn mat hiere Meeschteren zu Recken ugetrueden. Nodeems och zwee däitsch Prüfungsrichteren zou eis gestouss sinn, huet de Carlo Wersant um Kaffisdësch nach eng Kéier den Oflaaf vum Daag erklärt. Et ware keng einfach Konditiounen fir d’Hënn, soot de Carlo mat engem eeschte Bléck. Abrëllswieder géif eis net erwaarden wosste mer alleguer, et ware schliesslech schon 18 Grad um 9 Auer.

Niewent der Huesespuer, der selbststänneger Sich duerch d’Gewan an dem Virstoen, goufen och d’Wiesensfestegkeet, d’kierperlech Mängel an de Grondgehorsam ënnert d’Lupp geholl. Deen heigen Bewuess an di héich Temperaturen waren natierlech net vun Virdeel. D’Hënn sinn schnell un hir Grenzen komm an och d’Huesen waren éischter eng Raretéit. Véier Huesespueren hunn schlussendlech missen duergoen fir eng Bewäertung kennen ofzeginn. Hei muss een och de Riichter kloer verdenken, dass si d’Konditioune ronderëm d’Prüfung berécksiichtegt hunn an an hirer Bewäertung ganz fair waren.

D’Ambiance war de ganzen Dag iwwer formidabel an lëschteg. Fir Iessen a Gedrénks gouf gudd gesuergt an d‘Wuelbefannen vun Hond a Meeschter stoung un éischter Stell.

Fir mech als Jongjeeër an Erstlingsführer ass et ëmmer ërem léierräich an eng speziell Erfahrung. No all Prüfung stellt ee fest wat den Hond kann an u wat  een nach ze schaffen huet. Sou Prüfungen, ob déi een sech laang am Viraus durch haarden Training virbereet sinn menger Meenung no och ganz wichteg fir d’Bindung tëschent Hond an Meeschter. Et kann een dankbar sinn, esoueen Gefährten u senger Säit ze hunn an et mécht een stolz ze gesinn, dass déi vill Aarbecht zum Schluss duerch en Diplome belount gëtt.

Zu gudder Lescht muss ee festhalen, dass dat ganzt ouni d’Organisatioun vun der CCC, ouni d’Präsenz vun de Riichter, an ouni de Fränz a Jos Becker, déi eis hiert Revéier zur Verfügung gestallt hunn, net méiglech gewiecht wär.

Ho Rüd‘ho,

Philip Witry

Es gibt keine Beiträge in dieser Kategorie. Wenn Unterkategorien angezeigt werden, können diese aber Beiträge enthalten.

Unterkategorien