• 123.jpg
  • Header_old.jpg
  • img_0218.jpg
  • look.jpg

Begleithundeprüfung, 16. September 2017

De 16ten September 2017 huet d'Dackelkommissioun hier éischt Begleithundeprüfung ofgehalen. Fir d'BHP waren insgesamt 11 Honn gemellt (fënnef fir d'BHP G, een fir d'BHP 1, a fënnef fir d'BHP 3). Ugetruede sinn 10 Gespaner, vun deenen 9 erfollegräich bestoe konnten. Um 9:30 hunn sech de Riichter, d'Gespaner, de Prüfungsleiter an Helfer zu Bech afonnt. No kuerzer Aféierung duerch de Prüfungsleiter Jacques Petit, huet de BHP Riichter Jockel Jung aus Däitschland d'Wuert iwwerholl.
Duerno hunn sech d'Gespaner op de Wee gemaach fir sech dem éischten Deel vun der Prüfung ze stellen. Hei gëtt nieft dem Gehorsam, wéi Leinenführigkeit, fräi-bei-Fouss, Ofleeën a Ra-ruffen, och d'Sozialverträglechkeet an d'Verhale vis-à-vis vu Leit, Honn, Geräischer an am Stroosseverkéier gekuckt. Bei der BHP 2 gëtt d'Ofleeë virun engem Gebai ënnert Oflenkung (Jogger, Vëlo an Hond), esou wéi d'Führersuche gepréift. Dëst gëtt da vun der BHP 3, bei där den Apport vun engem Géigestand aus déiwem Waasser getest gëtt, ofgeschloss. 

Bei dëser Prüfung kann een sech entweder fir eenzel Prüfungsdeeler mellen, oder déi 3 Deeler an engem Dag maachen. Packt een dëst, esou kritt den Hond d'Leeschtungszeeche BHP G unerkannt. 2 Honn hunn dëst och fäerdeg bruecht:

Punkte

Hond

Führer

LZ

 175

Tagessieger

Quinn vom Nattertal

Marianne Jacobs

BHP G

 166

Nurmi vun der décker Lann FCI

Dan Friedl

BHP G

 140

Lily von den Eifelhexen

David Kuijpers

BHP 1 & 2

 127

Nahla vun der décker Lann FCI

Marianne Jacobs

BHP 1 & 2

 87

Nimrod vun der décker Lann FCI

Georges Kugener

BHP 1

 40

Pira vom Neunten Weinberg

Georges Kugener

BHP 3

 40

Lacoste

Carole Pleimling

BHP 3

 40

Nallo vun der décker Lann FCI

Dan Friedl

BHP 3

 30

Nunuk- Graf von Schloss Koedingen

Anastasia Cassinetti

BHP 3

No der Prüfung ass gemittlech zesummen zu Gréiwemaacher um Camping giess ginn. De Riichter huet di gutt Virbereedung vun den Honn an der Prüfung selwer gelueft, an der Dackelkommissioun fir hier éischt BHP gratuléiert. E grousse Merci geet un d'Carole Pleimling, dat eis seng Terraine' fir dës Prüfung zur Verfügung gestallt huet. Och dem Riichter, dem Prüfungsleiter, dem Marc Diederich, dem Claude Zanter, an alle Führer gëllt en immens grousse Merci fir dëse flotten an erfollegräichen Dag! 

EP (B) o.l.E. fir Däitsch Wachtelhonn um Waldhaff, 23. September 2017

Den 23. September 2017 wor d´EP(B) fir Däitsch Wachtelhonn um Waldhaff. Am Virfeld woren Prüfungsplazen stark gefrot, a mir hunn als Stöberhondskommissioun missen Leit mat hiren Honn ofweisen. Wat et méi no un de Prüfungsdag komm ass, huet sech 1 Gespann virum Nennschluss an eent nom Nennschluss zeréck gezunn. Iwwreg bliwwen sinn nach 2 Gespanner fir d´Prüfung. Et wor eng kleng EP(B) déi am familiären Emfeld durchgezunn ginn ass. Leider louch awer eng donkel Wollek iwwert deem Ganzen. Zwee Deeg virun der Prüfung huet eise gudde Frënd Dem Moritz eis no längerer Krankheet fir ëmmer verlooss. Den Dem wor a bleift an eise Gedanken d’Urgesteen vun eisen Wachtelhonn. Schued, dass hien et net méi konnt mat erliewen, ewéi de Carlo a säin Lerry vun der Elz sech een 1.Präis mat voller Punktzuel erschafft hunn. An der Zäit wir dat sëcherlech e langen Owend ginn. Eis däitsch Wachtelfrënn, déi bei eis als Riichter op der EP(B) derbäi woren, hunn bei der Präisverdeelung spontan d’Prüfungsgesellsschaft gebieden opzestoen an dem Dem senger ze gedenken. E méi erfreelechen Moment zum Schluss vun der Prüfung wor d´Íwwerreechen un Madame Sina Fontaine vun hirem Schweesriichterausweis durch den President vun der Landesgrupp Rheinland-Pfalz / Saarlaand am VDW Johannnes Lehnert.

Merci de Schëtter a Gonnerenger Jeeër a Juegdpiechter, der Gestion de l´eau an der Bësch a Naturverwaltung fir Bereedstellen vun dem benéidegtem Prüfungsareal. Merci och dem Café Engel vu Mënster wou mir ëmmer erem virun der Prüfung, an no der Prüfung gutt opgehuewe sinn.

Riichter:           Ralph BARME (Ro) // Johannes LEHNERT (Sw) Erich STIELE (Fw) Prüfungsleiter: John KIRCHEN

Gemellt 3 // Durchgepréift 2 // Bestannen 2 Honn

Hond + Zbn.

Stöbern Wald

Schussfest. Wald

Schussfest Wasser

Verlorensuche Wasser

Stöbern mit Ente

Bringen Federw. 150 m

Bringen Haarwild 300m

Bringen Ente aus tiefem Wasser

Gehorsam

Schweißarbeit

Punkte

Preis

Medaille

Vicky v. Schwarzenbruch

15-345 Hündin F:Sina Fontaine

3

8

ja

ja

+Ngp.

8

8

8

8

ja

83

3.

--

Lerry von der Elz

14-375

Rüde

F:Carlo Felten

8

8

ja

ja

+Ngp.

8

8

8

8

ja

104

1.

bronze

+ Ngp. : Duerf aus gesetzlechen Grënn z.Z. net zu Lëtzebuerg gepréift ginn

Matgedeelt vun der Stöberhondskommissioun

Prüfungsresultate im Ausland 2017

Jagdverein Hubertus Witzenhausen

VJP 01.04.2017

Five Senses Adam DK 0770/16                                    Romain Petry                                     74P spl./sil.

Five Senses Amir DK 0755/16                                      Joëlle Eschenauer                            70P sil.

Five Senses Ava DK 0758/16                                        Fränk Adam                                        70 P

Five Senses Antoine DK 0752/16                               Manuel Kisgen                                  69P spl.sil.

Five Senses Anil                DK 0756/16                                        Diana Nolden                                     67P

Baska vom Mosser Bruch DK 0719/16                      Peter Thiel                                          60P

Jagdverein Hubertus Witzenhausen

HZP 23.09.2017

Baska vom Mooser Bruch DK 0719/16                     Peter Thiel                                          187P

Five Senses Antoine DK 0752/16                               Manuel Kisgen                                  182P

Five Senses Amir DK 0755/16                                      Joëlle Eschenauer                            180P

Five Senses Anil                DK 0756/16                                        Matthias Müngersdorff                172P

Klub Kurzhaar Kurhessen

HZP 07.10.2017

Five Senses Adam DK 0770/16                                    Romain Petry                                     180P

Unterkategorien