2020 haate mer schon décidéiert eng Weiderbildung fir eis Formateuren beim Här Werner Thom unzebidden.. De Werner Thom ass e laangjähregen Honnsmann aus dem Saarland deen säit iwer 30 Joer Schutzhënn an Juegdhënn ausbild. Coronabedengt ass die Formatioun dunn emmer erem no hanne gereckelt ginn biss mer Ugangs dest Joër décidéiert hunn de Werner ob Lëtzebuerg ze invitéieren. De Weekend vum 17ten Februar war et dunn souwäit. De Werner war Samsdes moies do an huet eis den theoretegen Deel vun sengem Kuer gehaal haaptsächleg iwert de Gehorsam. Samsdes mettes war et dunn un engem éischten praktegen Deel mat engem Deel vun de Leit aus dem Dressurkuer an engem Deel vun den Ausbilder hieren Hënn. Sonndes war den Werner dun bei eisem Dressurkuer derbäi an huet säi Wessen suwuel un d’Ausbilder wi o un eis Honnsleit weiderginn. Et war en interessante Weekend vun deem net nemmem eis Ausbilder profitéiert hunn.

Einen grossen Dank an Werner für ein interessantes Wochenende in Luxemburg

                                                                                                                                              MG