Den 8 Abrëll war et sou wäit! Di éischt Prüfung fir eng ganz Partie vu jonken Virstéihënn: d’Verbandsjugendprüfung! Eigentlech „d’Spillschoulsprüfung“ fir dës Grupp vun Hënn, wou si hier ugebueren Anlage weise sollen. Mä ech kann iech verroden, all d’Führer waren trotzdem nawell zimlech nervös, ech ganz besonneg!

Bei der VJP ginn di verschidden Anlagen vun de Virstéihënn gepréift: Heifir ginn nieft der Aarbecht op der Spur, den Nuesegebrauch, d’Sich, d’Virstoen, d’Führegkeet an d’Schossfestegkeet bewäert. Donieft gëtt och nach de Gehorsam, d’Art des Jagensan d’Wiesen gepréift an et gett gekuckt ob  verschidde kierperlech Mängel net do sinn.

Doduerch datt an dëser Prüfung virun allem d’Anlage vum jonken Hond gepréift ginn, seet se haaptsächlech eppes iwwert Zuucht aus. Trotzdem kënnt näischt vun näischt; an d’Hundeführer hunn alleguer vill Stonnen dragestach fir dës Anlagen op der Prüfung beschtméiglech presentéieren ze kënnen.

Gepréift gouf d’VJP vun der CCC an 3 Gruppen: 2 Gruppen sinn den 8.Abrëll ugetrueden, an eng den 16. Abrëll. Zesummen mat jee 3 Riichter, den Helfer an de Revierführer gung et op den Terrain. Och wann d’Opreegung immens grouss bei alle war, sou war et immens flott den Hënn beim schaffen nozekucken. Mir hunn alleguer immens vill dësen Dag bäigeléiert!

E grousse Merci un d’Riichter, d’Juedgpiechter, d’Helfer an d’Virstéihondskommissioun fir dës super Organisatioun an den tipptopp’en Oflaf vun dëser Prüfung! Trotz aller Opreegung huet et onwahrscheinlech vill Spaass gemaach. A natierlech och mengem gudde Scout (Sissi IV v.d Lönsbirke) e grousse Merci, fir datt hatt rëm riicht gebéit huet, wat ech a menger Nervositéit schlecht gemaach hunn!

Mir freeën eis all op di kommend Prüfungen, a virun allem drop herno brauchbar Hënn op der Juegd kënnen ze feieren!

Marianne a Scout

 

gem. 3, ersch. 3, gepr. 3, präm. 3 Hunde

Hund/Führer Punkte Laut
Alpha Engel von Locs, DK,  72P spl
F: Gilles Staar    
Tikka vom Hundegeläut, KlM 67P spl
F: Max Becker    
Tessa von der Schéinhaedchen, KlM 61P spl
F: Markus Biringer