Den 23 Abrëll huet d'Dackelkommissioun vun der Centrale du chien de chasse eng Schossfestegkeets- a Spurlautsprüfung fir Dackelen organiséiert. Nodeems sech d'Riichter, d'Hondsführer an d'Helfer um RDV afonnt hunn goufen hier Pabeieren agesammelt an d’Impfpäss kontrolléiert.

No der Begréissung duerch d’Prüfungsleiterin Carole Pleimling, an d’Richterobfrau Cornelia Linnert, goufen di aaner Riichter, de Jacques Petit an de Marc Ledoyen nach virgestallt. D’Fürher, dorënner och Erstlingsführer krute séier nach emol di wichtest Punkten zu der Prüfungsordnung an dem Oflaf erklärt. Dono konnten d'Kandidaten hier Startnummer lousen.

No dem Louse vun de Startnummeren ass et mat der Prüfung lass gaangen, an et gouf sech op d’Sich no Huese gemaach. All Hond konnt gepréift ginn, a verschidden Dackelen konnten en zweeten Hues schaffen fir hier Anlag ze weisen.

Zum Schluss vum Dag konnt all Hond d’Prüfunge bestoe:

Präis

Punkte

Hond

Führer

Eiegntümer

LZ

2

88

Edelweiss vom Rauhenstein

Sebastian Bernardy

Sebastian & Katherin Bernardy

Sp

2

87

Alfons Pfützenläufers FCI

Marc Bertemes

Marc Bertemes

Sp/J

2

87

Rex vom Theeltal

Marianne Jacobs

Georges & Cathy Boever

Sp

2

75

D’Barko vom Heckenfeld

Romain Wildanger

Romain Wildanger

Sp/J

D'Präisverdeelung huet no engem gemeinsamen Grille stattfonnt. Dëse flotten an interessanten Dag ass der Zesummenaarbecht vu ville Leit ze verdanken! Dofir e grousse Merci un d'Riichteren di wéi ëmmer fair geriicht hunn, de Revéierpiechter an de Revierführer déi eis ëmmer nees hier Revéieren an hier Zäit zur Verfügung stellen, den Helfer déi de ganzen Dag eng Hand ugepakt hunn an de Gespaner di vill Disziplin gewisen hunn.