Um 15. Juli, dem Ufank vun der grousser Vakanz gouf d’Jagdeignungsprüfung vun der CCC ofgehalen. De Rendez-vous war moies fréih um halwer 8 um Parking beim Steeëner Fussballterrain. Vun denen 29 gemellten Gespanner hunn sech der 27 am Sekretariat presentéiert. Hei goufen déi néideg Pabeieren vun den Hënn an hire Meeschter kontrolléiert. No der Usprooch vun der Presidentin, dem Malou Grasges, huet de Prüfungsleeder, de Jean-Claude Grandgenet d’Wuert ergraff, sie zwee hunn de Leit déi néideg Erklärunge iwer den Oflaf vun der Prüfung ginn an och gesot wéi déi eenzel Disziplinnen gepréift géinge ginn. Duerno sinn d’Kandidaten, a véier Gruppen opgedeelt mat hirem Guide op eng vun denen véier Statioune gefuer. Ier d’Hënn an d’Prüfung konnte goen, gouf hier Identitéit unhand vum Chip gepréift. Nodeems all Hond am Grupp op der éischter Kontroll gepréift war, ass de Grupp op déi nächst Statioun gefuer, sou goung dat virun bis all Grupp déi véier Statiounen hannert sech bruecht hat. Duerno goung ët op Angelduerf an de Restaurant « Äppel a Biren », hei sinn d’Riichter zesumme komm fir d’Leeschtunge vun den eenzelne Gespanner auszewerten. Nodeems d’Zensuren an Diplomer gedreckt waren, koum ët zu der Präisverdeelung, vun denen 27 ugetruedenen Gespanner konnten der 12 bestoen, leider hunn bei denen wou ët net duergangen ass, oft just eng Disziplin den Ausschlag dozou ginn. De Podium gouf ugefouert vum Jessy Gengler a sengem Milo (DD) mat der maximaler Punktenzuel vun 27, Punktegläich koum de Jeff Faber mat sengem Batti (KLM) op déi zweete Plaz, den drëtten Mann um Treppchen, och mat der maximaler Punktenzuel war den Martin Beckius mam Maybe (CBR). Vun denen Hënn déi bestanen hunn, gouf véier mol de Maximum vun de Punkten erreecht, BRAVO. Mier hunn op dem Dag vill gutt Arbechten vun den Honn an hire Meeschtere gesinn a freeën eis op d’Editioun 2018, vléit och mat der Bedeelegung vun dem engen oder aneren, wou ët dëst Joer net duer gangen ass.

Hei nach den Tableau mat den Gewënner.

Führer

Hond

Rass

Punkten

Präis

Jessy Gengler

MILO

DD

27

1.

Jeff Faber

BATTI II vom Flachsberg

KLM

27

1.

Elisabeth Valentin

Lovely Leonore of Cape Makkovik

LR

27

1.

Martin Beckius

MAYBE (Mira vun Bësch a Feld)

CBR

27

1.

Georges Lanners

NACHO vum Dônereck

KLM

26

1.

Dagmar Börner

Nifty Namida of Cape Makkovik

LR

26

1.

Yolande Müller-Linden

Conventwood's Amazing Atreyu

CCR

25

2.

Oliver Schmitz

NICO vum Dônereck

KLM

24

2.

Joëlle Eschenauer

AMIR Five Senses

DK

24

2.

Danièle Rodesch

MAMBO aus Bësch a Feld

CBR

24

1.

François Bichel

RALPH Bohemia Jewellery

ESS

23

1.

Peter Thiel

BASKA vom Mooser Bruch

DK

20

2.