De 23ten Juli huet den éischte Wassertest vun der CCC-Dackelkommissioun stattfonnt. Um 8:30 hunn sech zu Suevelbuer um Weier 10 Gespaner fir dës Anlagenprüfung bei guddem Wieder afonnt, wou si vum dem Prüfungsleiter, Här Petit, begréisst goufen. Dësen huet d'Riichter, den Här Löw (Däitschland) an den Här Steichen (Lëtzebuerg) kuerz virgestallt an dem Prüfungsobmann (Här Löw) d'Wuert iwwerlooss.

Déi 10 Hondsfüher hunn dorops hin hier Louse gezunn a konnten een no dem aneren hier Honn um Weier presentéieren. Trotz hirer klenger Gréisst hunn d'Dackelen haut erëm gewisen, datt och den Apport vun enger Int aus déiwem Waasser fir si ke Problem ass.

All 10 Honn konnte gepréift ginn a 7 hu bestanen:

Punkten

Hond

Führer

LZ

32 Tagessieger

Nallo vun der decker Lann

Cathy Jacoby

Wa.T/J

32

Olimpius Pride Voodoo

Carole Pleimling

Wa.T

32

Nurmi vun der decker Lann

Dan Friedl

Wa.T/J

32

Wild-Skadi von der Jufferfey

Christophe Jacobs

Wa.T

32

Pira vom Neunten Weinberg

Micheline Jacoby

Wa.T

27

Utah vom Neunten Weinberg

Marianne Jacobs

Wa.T

27

Amélie von der Fürstenau

Liz Diederich

Wa.T

E grousse Merci geet wéi ëmmer un eis Riichter an Helfer, esou wéi un d’Teilnehmer fir hier grouss Kollegialitéit, Disziplin a gutt Virbereedung vn hiren Honn. Och e grousse Merci un den Här Flesch datt mir dës Prüfung op sengem Weier ofhale konnten.