Am Abrëll huet d’Erdhondskommissioun, Sektion Teckel zwou Schossfestegkeets- a Spurlautprüfunge fir Dackelen organiséiert:
Déi éischt Prüfunge waren den 1ten Abrëll an de Revéiere Livange/Bivange. Riichteren ob dëse Prüfunge waren den Här Baus (Däitschland), Här Ledoyen (Frankräich) an den Här Steichen (Lëtzebuerg). Fir d’Schossfestegkeet ware 6 Honn gemellt, déi alleguer gepréift goufen a bestanen hunn. Fir d’Spurlautprüfung waren 8 Honn gemellt, déi och alleguer gepréift konnte ginn. 7 Honn hunn dës Prüfung bestanen, dovunner 5 mat dem Leeschtungszeeche Sp/J (Jugend).
E grousse Merci un d’Revéierpiechter Här Kohn, Här Lang, Här & Mme Bichel an Här Havé datt mir dës Prüfungen an hire Revéiere konnte ofhalen.
Präis |
Punkten |
Hond |
Führer |
LZ |
1a |
100 |
Nuck vun der décker Lann |
Jean-Claude Pitzen |
Sp/J |
1b |
97 |
Nahla vun der décker Lann |
Marianne Jacobs |
Sp/J |
1c |
94 |
Hummel-Dream vom Zeldenrüst |
Carole Pleimling |
Sp |
2a |
88 |
Nallo vun der décker Lann |
Cathy Jacobs |
Sp/J |
2b |
88 |
Drago vom Lambachstal |
Roland Lefèbre |
Sp |
2c |
78 |
X-Battes von der Jufferfey |
Joëlle Schmitz |
Sp/J |
3a |
53 |
Lilly von den Eifelhexen |
David Kuijpers |
Sp/J |
Déi zweet Prüfunge waren den 22ten Abrëll an de Revéiere Livange/Bivange. Och hei war et erëm eng ganz international Riichtergrupp déi d’Honn geriicht hunn: Här Ledoyen (Frankräich), Här Löw (Däitschland) an Här Petit (Lëtzebuerg). Bei dëser Prüfung waren 3 Honn fir d’Schossfestegkeet gemellt an hunn bestanen. Fir d’Spurlautprüfung ware 4 Honn gemellt a konnte gepréift ginn. 3 Dackele konnte bestoen.
Och hei geet e grousse Merci un d’Juegdpiechter Här & Mme Bichel an Här Havé, datt si eis hier Revéieren zur Verfügung gestallt hunn!
Präis |
Punkten |
Hond |
Führer |
LZ |
1a |
100 |
Lucky du bois d’Hingry |
Aline Grégroire |
Sp |
2a |
72 |
Norden Liht Powers Play |
Carole Pleimling |
Sp/J |
3a |
59 |
Jeep |
Nicolas Missler |
Sp |
Dës 2 spannenden an interessanten Deeg ass der Zesummenaarbecht vu ville Leit ze verdanken! Dofir e grousse Merci un d'Riichteren di immens fair geriicht hunn, d’ Revéierpiechter déi eis ëmmer nees hier Revéieren an hier Zäit zur Verfügung stellen, d’ Helfer déi de ganzen Dag mat gefiebert hunn an un d’ Gespaner di immens Solidaritéit a Disziplin gewisen hunn.
http://www.jagdhunde.lu/index.php/news/64-schossfestegkeets-a-spurlautpruefungen-fir-dackelen-1-und-22-april-2017#sigProIda324e91ec6